11. Juli
Ausgesinn
<< | Juli | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 11. Juli ass den 192. Dag vum Joer (193. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1302: An der Schluecht vun de Gëllene Spore bei Kortrijk gewannen Eenheete vun de flandresche Stied géint eng Arméi vu franséische Ritter.
- 1346: De Karel IV. vu Lëtzebuerg gëtt zu Rhens zum réimesch-däitsche Kinnek gewielt, als Géigekinnek vum Ludwig dem Bayer.
- 1789: Frankräich: De Finanzminister Necker gëtt ofgesat, wat zu Onrouen zu Paräis féiert.
- 1792: Koalitiounskricher: Preisen trëtt an de Krich an.
- 1921: D'Mongolei gëtt vu China onofhängeg, bleift awer bis 1990 ënner staarkem Afloss vun der Sowjetunioun.
- 1960: Dahomey (haut Benin), Uewervolta (haut Burkina Faso) an Niger ginn onofhängeg.
- 1978: Zu San Carlos de la Rapita op der Costa Dorada a Spuenien explodéiert en Tankcamion, dee mat Propylen gefëllt war, um Camping Los Alfaques. 216 Mënsche stierwen an iwwer 300 gi blesséiert, dorënner 64 schwéier.
- 1995: Massaker vu Srebrenica.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
J. J. Lefrançois de Lalande
-
John Quincy Adams
-
Yul Brynner
- 1732: Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande, franséischen Astronom a Mathematiker.
- 1767: John Quincy Adams, US-amerikanesche Politiker, 6. President vun den USA.
- 1873: Émile Bian, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1888: Carl Schmitt, däitsche Staatsrecht-Spezialist a Philosoph.
- 1892: Thomas Mitchell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1903: O. E. Hasse, däitsche Schauspiller.
- 1913: Christian Calmes, lëtzebuergeschen Diplomat, Historiker an Ekonomist.
- 1914: Jacques Castelot, belsch-franséische Schauspiller.
- 1920: Yul Brynner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1924: Fritz Klein, däitschen Historiker.
- 1931: Christiane Minazzoli, franséisch Schauspillerin.
- 1931: Asca Rampini, lëtzebuergesche Komponist.
- 1932: Arthur Unger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1952: Jeannot Waringo, lëtzebuergeschen Ekonomist.
- 1952: Guy Weis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1947: Claude Schmit, lëtzebuergeschen Theaterregisseur.
- 1953: Bramwell Tovey, engleschen Dirigent a Komponist.
- 1956: Robin Renucci, franséische Schauspiller.
- 1978: John-Paul Gomez, US-amerikaneschen Auteur.
- 1983: Chris Auger, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1984: Alain Mertens, lëtzebuergesche Liddermécher.
- 1996: Nicolas Mossong, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1593: Giuseppe Arcimboldo, italieenesche Moler.
- 1733: Placidus Eringer, lëtzebuergesche Benediktinerpater, Dokter an Apdikter.
- 1837: Jean-Pierre Picard, lëtzebuergesche Schmelzhär.
- 1876: Michel Gloesener, lëtzebuergesche Physiker.
- 1909: Simon Newcomb, kanadesch-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 1937: George Gershwin, US-amerikanesche Komponist.
- 1947: Joseph Braun, däitsche Jesuitt a Konschthistoriker.
- 1988: Michel Molitor, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1989: Laurence Olivier, brittesche Schauspiller a Regisseur.
- 2004: Renée Saint-Cyr, franséisch Schauspillerin.
- 2011: Tom Gehrels, hollänneschen Astronom.
- 2015: Satoru Iwata, japanesche Videospillentwéckler a Firmechef.
- 2015: François Schortgen, lëtzebuergesche Moler.
- 2016: René Clesse, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2023: Milan Kundera, tschechesch-franséische Schrëftsteller.
- 2024: Henri Nanquette, lëtzebuergesche Buergermeeschter an Deputéierten.
- 2024: Shelley Duvall, US-amerikanesch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 11. Juli – Biller, Videoen oder Audiodateien |